Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (2024)

Zënter méi wéi 30 Joer sicht den Alan Johnston seng Motiver an der Natur an huet bal 20 Bicher verëffentlecht. Elo stellt hien am CAW zu Walfer aus.

"ALAN JOHNSTON: 4 SITES/4 NEW BOOKS" sou heescht d'Ausstellung déi nach bis de 17ten Dezember am CAW zu Walfer ze gesinn ass. 163 Wierker sinn hei ausgestallt, original Zeechnungen déi hie fir seng 4 lescht Bicher ugefäerdegt huet an déi vun der Natur vun der Camargue, der Côte d'Azur, dem Golfe de Morbihan an der Côte d'Albâtre inspiréiert sinn. D'Bicher sinn a Form vun enger "Zieharmonika" konzipéiert, si sinn an den Editions Apeiron a Frankräich erauskomm.

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (1)

© éditions Apeiron

Den Alan Johnston hëlt sech Zäit. Fir säin neit Buch "Le golfe du Morbihan" war hie 14 Woche laang ënnerwee fir d'Déieren a Planzewelt vun dëser eenzegaarteger bretonescher Landschaft ze beobachten an ze dokumentéieren. Als artiste-naturaliste mécht hien net einfach just Fotoen a moolt dann dovun of. De kreative Prozess deen hanner sengen Zeechunungen an Aquareller stécht, ass vill méi komplex. Dofir brauch ee fir d'éischt emol vill Gedold:
Alan Johnston: Jo, Gedold, an dann immens schnell molen an dann d'Bild am Kapp halen, vill mat der mémoire visuelle schaffen, a vill Skizze maachen fir sou eng Aart 3-D Bild am Kapp opzebauen. An dann och nokucken, Fotoen an engem Buch, mä net vu Fotoen ofmolen, mä als Support eng recherche artistique. Dat ass vill méi Aarbecht wéi ee mengt!

Alan Johnston: Et brauch ee Gedold!

Fro: Wéi laang maacht Dir dat schonn?
Alan Johnston: Ech maachen dat schonn iwwer 30 Joer. Ech sinn och fräischaffende Kënschtler hei am Land iwwer 30 Joer. Artiste-naturaliste, dat heescht an der Natur, Natur ze moolen, dat ass e laangen Apprentissage. Dat heescht, et brauch een op d'mannst 20 Joer fir do e bësse gutt ze sinn.

Alan Johnston: E laangen Apprentissage

Hei e klengen Abléck an dem Alan Johnston seng neitsten Zeechnungen:

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (2)

© Alan Johnston

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (3)

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (4)

© Alan Johnston

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (5)

© Alan Johnston

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (6)

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (7)

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (8)

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (9)

Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.

Fro: Wéi léiert een dat?
Alan Johnston: Ech hu keng formell Formatioun als Wëssenschaftler, ech hu par défaut alles geléiert während mengem Schaffen mat Wëssenschaftler. Zum Beispill, dat ass scho laang hier, eng vu mengen éischten Aarbechten als Fräsichaffenden war ee Buch ze illustréieren iwwer lëtzebuergesch Orchideen an dann hunn ech mat Orchideen-Experten geschafft. Ech war eng Kéier an Neuguinea an enger botanescher Expeditioun an dann hunn ech vun deene Botaniker och eppes dobäigeléiert. An der Camargue Recherchen iwwer Musticken, am Labo, Musticken gemoolt, etc. An dann sinn och Guiden op der Plaz, wéi hei am Morbihan en Ornitholog vum Parc Naturel an deen huet mir immens vill gehollef.

Alan Johnston: Wéi léiert een dat?

Fro: Dir hutt och Bicher iwwer Lëtzebuerg gemaach?
Alan Johnston: Jo, ech hunn hei am Land dräi Bicher gemaach. Dat lescht dat war "Les prés humides de l'Oesling", dat ass 2016 erauskomm bei Natur an Ëmwelt an et bal e groussen internationale Präis gewonnen (Prix Carnets de Voyage), ass awer just op déi zweete Plaz komm.

Alan Johnston: Bicher iwwer Lëtzebuerg

Fro: Dir sidd zënter 30 Joer an der Natur ënnerwee, huelt Dir de Klimawandel an Uecht?
Alan Johnston: Jo, et ass Wahnsinn. Et ass ee Bild, dat ass am Fong d'Titelbild um Poster vun der Ausstellung, dat ass eng Landschaft am Morbihan, déi hunn ech iwwer zwee Deeg gemoolt, zwee Nomëtteger bis Owes. Den zweeten Dag waren et 29 Grad um 7 Auer Owes am August. Den Ënnerscheed ass onwahrscheinlech. Ech sinn selwer héchstwahrscheinlech de leschte Mënsch zu Lëtzebuerg deen eent vun eise leschten Haselhuhn gesinn huet (Bëschhong, Bonasa bonasia). Dat ass ausgestuerwen hei am Land. Ech hunn e Monitoring gemaach vu fënnef Joer, a während deene fënnef Joer ass déi Aart ausgestuerwen. Do sinn grouss Ännerungen.

Alan Johnston: D'Natur verännert sech duerch de Klimawandel

Fro: Trotz deene laange Stonnen déi Dir (heiansdo bei schlechtem Wieder) musst aushalen fir Äer Biller kënnen ze realiséieren, trotz der viller Aarbecht déi domat verbonnen ass, mécht Iech Äer Aarbecht ëmmer nach Spaass?
Alan Johnston: Meng Begeeschterung ass nach ëmmer do. An et ass ëmmer deeselwechte Message an alleguerte menge Bicher (ech hu bal 20 Bicher geschriwwen a gemoolt): D'Natur ass schéin, mir mussen dat onbedéngt schützen an erhalen fir eis nächst Generatiounen. Et ass en ale Message, mä en ass nach ëmmer gutt!

Alan Johnston: D'Begeeschterung ass nach ëmmer do

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (10)

De Poster vun der Ausstellung / © Editions Apeiron/Alan Johnston

ALAN JOHNSTON: 4 SITES/4 NEW BOOKS
16ten November-17ten Dezember 2023
Donneschdes bis Freides 15h00-19h00
Samschdes a Sonndes 14h00-18h00
Fräien Entrée
Visite guidée par l'artiste: Samschden 16ten Dezember 15h00
Atelier vu 16 Joer un: Sonnden 10ten Dezember 15h00
Galerie de Walferdange CAW
5, Route de Diekirch
L-7220 Walferdange

De Site vum CAW Walfer

Buch an Ausstellung am CAW zu Walfer: De Kënschtler Alan Johnston am Interview (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Reed Wilderman

Last Updated:

Views: 6223

Rating: 4.1 / 5 (52 voted)

Reviews: 83% of readers found this page helpful

Author information

Name: Reed Wilderman

Birthday: 1992-06-14

Address: 998 Estell Village, Lake Oscarberg, SD 48713-6877

Phone: +21813267449721

Job: Technology Engineer

Hobby: Swimming, Do it yourself, Beekeeping, Lapidary, Cosplaying, Hiking, Graffiti

Introduction: My name is Reed Wilderman, I am a faithful, bright, lucky, adventurous, lively, rich, vast person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.